Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Liesmatinée mam Christiane Kremer vu Kremart zu Stengefort

Ënnert dem Titel „Wa Flacke falen an Elefanten am Schnéi spillen!“ stoung d’Liesmatinée, déi d’Commission sociale et de l’égalité des chances zesumme mat der Gemeng Stengefort Sonndes moies de 15. Dezember 2019 an der Maison Relais zu Stengefort, organiséiert hat.


Bal 40 Kanner ware mat hiren Eltere komm fir sech déi spannend Geschichte vum Christiane Kremer vu Kremart unzelauschteren.


Erzielt gouf ënnert anerem dat vum Pierdomenico Bacchalario an Alessandro Gatti geschriwwent italieenescht Märche vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack. Dës vum Christiane Kremer op lëtzebuergesch iwwersate Geschicht erzielt vun enger spezieller Frëndschaft bei där et net nëmme schwaarz oder wäiss gëtt.


Nieft ville flotte weidere Geschichten huet bei dëser Liesung huet awer och eng Geschicht ëm den Elmar, de bekannte faarweg karéierten Elefant aus der Fieder vum briteschen Auteur David McKee, net dierfte feelen.


Stäerke konnte sech d’Kanner an d’Elteren tëschenduerch mat engem waarme Schocki/Kaffi an enger gudder Mëtsch. Well d’Gemeng sech fir de fairen Handel asetzt gouf grousse Wäert drop geluecht, datt all d’Produite Fairtrade sinn.