Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat vum Joërgang 1963 zu Stengefort

Op Invitatioun vum Andrée Monnertz, Pia Steffen, Marc Schaal an Alain Wirth hun sech d'Schoulkollegen vum Joërgang 1963 déi zu Stengefort zesummen an der Primärschoul woren, sech kiirzlech erem gesin. No enger Visite vum Betriib "de Schnékert" ass et virun gaang op den "Belval" wou eng weider Visite vun der Cité des Sciences a vum Héichuewen um Programm stung. No enger Receptioun op der Stengeforter Gemeng ass den Daag bei engem Iessen am Restaurant "Sandkëscht" zu Stengefort op en Enn gaang.