Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gebuertsdagsfeier bei der Stengeforter Amiperas

Den 3. Dezember 2019 gouf et zu Stengefort eng gemittlech Gebuertdsdagsfeier fir d'Memberen vun der Amiperas déi 1929, 1934, 1939 an 1944 gebuer sinn.

Fir 90 Joer gouf d'Madame Sanny Lucas Muschelknautz geéiert. D'Madame Marie Strauss-Fischer, d'Madame Lotty Zahlen, den Här Edy Hoffmann, den Här Emile Rollinger an den Här Arthur Straus si fir 85 Joer geéiert ginn. Fir 80 Joer sinn d'Madame Marie-Rose Bourkel-Zwick, d'Madame Thérèse Fetler-Bartole an d'Madame Franziska Warlies geéiert ginn. D'Madame Thérèse Krecké, d'Madame Josée-Anne Mangen an d'Madame Margot Rinaldi si fir 75 Joer geéiert ginn.

Mat um Rendez-Vous waren och de Kleeschen an den Houseker.