Gebuertsdagsfeier bei der Stengeforter Amiperas
Viru kuerzem huet d´Amiperas Stengefort déi „ronn“ Gebuertsdeeg vun hire Membren, déi 1927, 1932, 1937 an 1942 gebuer sinn, gefeiert. D´Präsidentin Lucie Joachim huet hinnen all Guddes, besonnesch eng gutt Gesondheet an nach vill flott Joere bei der Amiperas gewënscht an hinnen e schéine Blummebouquet iwwerreecht. Fir 90 Joer goufe geéiert: Frieden-Harles Fernande, Muller-Riewer Maria a Kugener Robert; fir 85 Joer:Regenwetter- Bosseler Lydie, Krämer-Huberty Josephine, Haler Arthur a Muller Arthur; fir 80 Joer: Hoffmann-Heck Fernande, Loch-Steffen Nelly, Jäeckels Walter, Loconte Franco; fir 75 Joer: Zoller-Asselborn Micheline, Meyers Pierre.