Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Diplomiwwerreechung an der Gemeng Stengefort

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stengefort, huet d’Chancëgläichheetskommissioun mat engem groussen Erfolleg d’Babysittercoursen, wéi och d’Preventiouns-an 1. Hëllefscoursë fir Elteren a Grousselteren organiséiert.

Mat Hëllef vu 4 Formateuren, dorënner eng Hiewamm, eng Educatrice, eng Juristin an eng Sanitäterin, krute 14 jonk Participante vum 25. Februar bis den 23. Mäerz iwwer 8 Coursen d’Aufgab vun engem Babysitter erkläert.

Méindes de 25. Mäerz sinn déi frësch ausgebilte Babysitter dann no 20 flotte Stonne mat engem Diplom ausgezeechent ginn, déi si stolz vun der Madamm Marianne Dublin-Felten, Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun an a Präsenz vum Här Andy Gilberts, Schäffen, a vum Här Georges Zeimet, Conseiller, entgéint geholl hunn.

Och d’Participante vun de Preventiouns-an 1. Hëllefscoursë fir Elteren a Grousselteren kruten ee Certificat iwwerreecht deen hir Participatioun bestätegt. Mat Hëllef vun 1 Formateur, engem Sanitäter, krute si am Resumé déi wichtegst Informatiounen zum Thema 1. Hëllef a Preventioun erkläert.

D’Marianne Dublin-Felten huet sech iwwert d’Matmaache gefreet an huet sech bei all de Participanten an de Formateure bedankt.

D’Feierlechkeet huet an der Maison Relais stattfonnt an gouf mat engem Éierewäin ofgeschloss.

D’Lëscht vun de Babysitter kann een ënnert www.steinfort.lu oder am nächste Gemengenbuet fannen.