Wählen Sie Ihre Nachrichten​

50 Joer Amiperas Stengefort


Am November 1969 gouf an der Gemeng Stengefort, mat grousser Begeeschterung, d‘ Amiperas Sektioun Gemeng Stengefort gegrënnt.

Zënter hir hu vill Leit sech engagéiert an agesat fir deenen eelere Leit d‘ Liewe méi agreabel ze maachen. Eng laang Lëscht vun Aktivitéite mat vill Ofwiesslung hu si opweises: ënner anerem gouf eng Porte Ouverte ageriicht, wou 1mol d‘ Woch , bei Kaffee und Kuchen, gepotert a Kaart gespillt gëtt, Ausflich an d‘ In-an d‘ Ausland ginn organiséiert, all Joer steet eng Rees mat Bus, Fliger oder Schëff um Programm, Gebuertsdeeg, eng Niklos-, Adventsfeier duerfen net feelen asw. Donieft huet d‘ Amiperas jorelaang sonndes de Repas sur roues ausgefouert an ass Grëndungsmember vum CIGL Stengefort.

D‘ Amiperas Stengefort ka stolz op hir 50 Joer sinn. Datt si zefridde mat hirer Amiperas sinn, hunn déi vill Membre bewisen, déi un der 50 Joerfeier deelgeholl hunn, ënnert hinnen den Nationalpräsident Pizzaferri, de Buergermeeschter Guy Pettinger mat sengem Schäffen- a Gemengerot.

Si all hunn der Amiperas Stengefort félicitéiert zum Gebuertsdag an hinnen nach vill Joren, mat deerselwechter Begeeschterung, derbäi gewënscht.