Wählen Sie Ihre Nachrichten​

2. Stengeforter Konschtfestival

01
Mai
2020
01 Mai

No enger erfollegräicher 1. Editioun vum Konschtfestival d’lescht Joer, lancéiert d’Gemeng Stengefort den 1. Mee 2020 déi 2. Editioun.


Dat mat flotte Museksgruppen, Animatioun, a villem méi... Ganz nei dëst Joer ass, datt mir de Park bei der Villa Collart wäerte matbenotzen.


Fir datt de Konschtfestival 2020 genau esou een Erfolleg gëtt, si mir ob Iech, léif Kënschtler, ugewisen.


Wanns Du dech ugesprach fills a Loscht hues e puer Konschtwierker bei eis aus-

zestellen, kanns du dech bis spéitstens den 30. Mäerz 2020 beim Service Relations publiques vun der Gemeng Stengefort per E-Mail service-pr@steinfort.lu mellen.


Beschreif eis kuerz deng Konschtwierker déis du ausstelle wëlls. Dat kënnen Tableauen, Zeechnungen, Fotoen, Skulpturen oder aner Konschtwierker sinn.


Déi éischt si vir, well d’Plaze si begrenzt. Bei weidere Froe kanns du eis gär kontaktéieren ënnert der Telefonsnummer +352 39 93 13 224.