Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Info Owend - zu Stéeen ! Thema: Eischt Hëllef fir d'Pärd

Referent: Dr Michael Renck

Freideg, den 14ten Oktober 2011, war am Verainsbau zu Stéen en Informatiounsowend organiseiert gin mat dem Thema:

Eischt Hëllef fir d’Pärd! Weini, wat maachen ?

Den Dr Michael Renck huet en Referat gehaalen iwer meiglech Verletzungen beim Pärd. Et goung em Verletzungen bannen a baussen, vun Schürfwonnen iwer liewensgefeierlech Kolliken. Bei munchen Verletzungen kann den Pärdsbesëtzer mat einfachen Mëttelen hëllefen. Bei schweieren Verletzungen kann den Deierendokter schon um Telefon entschéeden ob et sech em en Noutfall handelt oder nët, andeems den Pärdsbesëtzer meiglechst genau beschreift, wei d’Pärd sech verhält a wei d’Verletzung ausgeseit.
Mat gudden Rotschléi a Beispiller stoung den Dr Renck Ried an Entwert.
Zur vollster Zefriddenhéet vum Organisator Club Hippique du Nord, hun mei wei 80 Leit un dem Informatiounsowend déelgeholl.
Fir den Owend ofzeronnen goufen Spaghetti serveiert an mat Fréed a gudder Laun den een oder aneren Patt gedronk. 
Den CHN huet fir d’nächst Joer nach weider Informatiounsowender
„Rund ums Pferd“ geplangt.
Weider Informatiounen fannt dir önner www.chn.lu