Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Melanie Schons gëtt 100 Joer

Den 11 Mee 2021 hunn d'Familljeministesch Corinne Cahen, de Schäfferot vun der Stad Réimech Jacques Sitz, Mike Greiveldinger a Pierre Singer an de Buergermeeschter Marco Albert vu Stadbriedemes déi grouss Éier an d’Freed gehat der Madame Melanie Schons fir hir 100 Joer ze felicitéieren. Déi fréier Awunnerin vu Stadbriedemes, déi zënter 2014 zu Réimech am Jousefshaus wunnt, ass ënner anerem bescht bekannt duerch de ‚Café Schons‘ mat der Epicerie, déi si zesumme mat hire Gesëschter laang Jore bedriwwen huet. An der Presenz vun hirer Niess huet d’Familljeministesch och der Grand-Duchesse an dem Grand-Duc hir Gléckwënsch iwwerbruecht.