Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Septfontaines/Simmer. Den Roger Ries, een Multitalent gouf 80 Joer âal.

Den 5. Mee huet Chorale Sainte Cécile vu Simmer hirem Dirigent Roger Ries säin 80 ten Gebuertsdag um Café Camping an der Hô gefeiert. Gebuer ass de Roger Ries den 21. Abrëll 1937. Schonns vu klengem un war him d‘Musek an de Schouss geluecht. 1947, no den Onrouen vum zweeten Weltkrich ass hien der Simmer Musek bäigetrueden, an där hien bis 1962 Trompette gespillt huet. Vun 1962 bis 1993 war hien Dirigent vun der Simmer Musek. Ënner anerem huet hien mat Stolz den 75 järegen an den 100 järegen Jubiläum vun der Simmer Musek dirigéiert. Hien huet säin ganzt Aarbechtsliewen zu Déifferdeng op der Hadyr verbruecht. Als jonke Borscht hat hien een Orchester gegrënnt "Roger Ries und seine Luxemburger" déi iwwregens während 32 Joer Danzmusek gespillt hunn an iwwert Landesgrenzen eraus bekannt waren a begeeschtert hunn. Zenter 45 Joer sengt de Roger an der Chorale mixte vum Conservatoire. Donieft war hien och Matbegrënner vun der „Trompe de Chasse St. Hubert“ an där hien 30 Joer tätech war. Während enger ganzer Rei vun Joren huet de Roger Musekscoursen gehalen an e puer vun sengen Schüler sinn haut Beruffsmuseker. An der Ugda ass de Roger Chargé de Cours Honoraire genannt. Mee hien war och nach an aneren Museksgesellschaften täteg, ënner anerem an der Nojemer Musek dei hien während 12 Joer dirigéiert huet. Virun 21 Joer, wéi den Abbé Heiderscheid Paschtouer vun Simmer gestuerwen ass, huet de Roger gehollef eng Chorale mixte zu Simmer ze grënnen vun där hien Dirigent an Organist ass. Fir d‘700 Joerfeier vun der Simmer Kierch huet de Roger Ries ee gemëschte Chouer aus dem ganze Land op Been gesaat, mat deem hien den 22. Oktober 2017 Kréinungsmass vum Mozart sengt. Ënnert derDirektioun vum Roger Ries gëtt des Chorale begleet vum Orchester Estro Armonico an 4 Solisten. D‘Sänger an d‘Sängerinnen aus der Simmer Chorale wënschen him alles Guddes an eng gutt Gesondheet fir säin 80 Gebuertsdag .