Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kierchebotzéquipe Nidderaanwen-Senneng ënnerstëtzt d’Stëmm vun der Strooss

Bei engem Besuch an de Raim vun der Stëmm vun der Strooss zu Bouneweg hunn d'Damme vun der Kierchebotzéquipe Nidderaanwen-Senneng der Chargée de direction vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay e Scheck iwwert 1 500 Euro iwwereecht.

Dës Sue fléissen no der Rentrée an de Projet „Stëmm Caddie“, en neien Atelier, an deem 20 Laangzäitchômeuren enger Beschäftegung wäerten nogoen.

D'Stëmm vun der Strooss, déi zanter 1998 zu Bouneweg an zanter 2004 zu Esch installéiert ass, ass eng sozial Ariichtung fir Mënschen, déi um Rand vun der Gesellschaft liewen. (C.