Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Groussherzog Henri op Besuch am mediterane Gaart

Den Interessi un der Natur huet den Groussherzog Henri an de Schengener Raum bruecht, wou hien sech verschidde Projeten ugekuckt huet.
Zesummen mam Ëmweltminister Marco Schank wor hien enger Invitatioun vun der Organisatioun "natur an ëmwelt" nokomm.

De Programm deen haaptsächlech am Zeechen vun der Biodiversitéit stoung, huet hien e.a. awer och an den Energiepark op Riemerschen gefouert, ir et dunn op Schwéidsbéng an de mediterane Gaart goung, deen Vereenegung „natur & ëmwelt“ am Joër 2009 vun de Besëtzer Charles Roovers und Dieter Lingener iwwerholl huet.

Op deem ronn 20 Ar groussen Areal sinn eng etlech Planzen, vun de verschiddensten Zorten, ze bewonneren. Besonnesch opfalend sinn déi vill mediteran Planzen, déi sech och an eiser Klimaregioun halen an entwécklen kënnen.

De Gaart an seng Infrastruktur soll an den nächsten Joer mat Hëllef vun engem Leader-Projet weider ausgebaut ginn.