Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sängerversammlung beréit iwwert d'Zoukunft vum Schëtter Gesank

De Comité vum Schëtter Gesank huet en Dënschdeg all d'Sängerinnen an d'Sänger fir eng wichteg Versammlung zesummegeruff, wou sech Gedanken iwwert d'Zoukunft vum Chouer gemaach goufen. Finanziell, awer och Sängerméisseg mussen sech beim Schëtter Gesank Gedanke gemaach gin a Léisungen fir déi nächst Joere gesicht gin0


Leider gesäit et awer haut schlecht aus bei ganz ville Chéier : emmer méi Veräiner mussen d'Handduch werfen an sech aus Mangel un Nowues opléisen. Bei ons am Land gin et leider schon e puer esou Fäll. Jidder Chouer-Responsabel wär frouh, wann säi Chouer am Joer och nëmmen eng Handvoll nei Memberen fannen géif. Awer vill Matbierger, déi vläicht Interessi um Sangen hun, wëllen awer keng regelmäßeg Verpflichtungen méi agoen an sech nët bannen !


D'Gesangskultur ass eng entspaant Fräizäitbeschäftegung. Aktivt Sangen dréit niewent allen positiven Eegenschaften och zum kierperlechen a séileschen Wuelbefannen bäi , dofir kommt a sangt och dir mat am Schëtter Gesank !


De Schëtter Gesank, e gemëschte Chouer, den e grousse Repertoire mat flotten a moderne Lidder beherrscht, riicht e ganz waarmen Appel un all sangesfreedeg Fraen a Männer, Jugendlecher an Erwuessener, aus dem Syrdallo,aus der Gemeng Schëtter a ronderëm aus dem Syrdall. Männerstëmme, sin besonnesch wëllkomm, mee natierlech freeë mir eis iwwer all Zouwues. Och den Alter a musikalesch Kentnisser spille bei ons keng Roll.


Mir sinn eng dynamesch a lëschteg Equipe a prouwen all Dëschdeg vun 20.00 bis 22.00 Auer zu Minsbech an onsem Gesangsbau – op 167, rue Principale zu L-5366 Munsbach - niewent dem Schoulcampus « an der Dällt », ënner der Leedung vun onser Dirigentin Marianne Hengel. Onse Repertoire besteet souwuel aus kierchleche wéi och weltleche Lidder.


Wann dir Loscht hutt bei ons matzemachen, da kommt einfach an eng Prouf lanscht "schnupperen" oder informéiert iech beim President, Guy Jourdain – GSM 621 140 775.