Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Quetschekraut vun der Schëttermusek

Sou, et ass erëm sou wäit! Nostalgie, Nostalgie! Eng Konstant an dësem Liewen, an deem villes sou séier geet. Kandheetserënnerungen. Back to the roots. Hierschtufanksgefill. Duerfgemeinschaft. Zen ginn duerch ëmmer erëm déiselwecht Aarbecht. Wéi all Joer, Enn August, kacht d’ Schëttermusek erëm Quetschekraut. Schued, datt een dës Biller net riche kann, soss hätt dir elo och déi gutt Mëschung vun Holzfeier a waarmem Quetschekraut an der Nues. An den nächsten 10 Deeg maache mir, d'Musikante vu Schëtter, ënnerstëtzt vun de Leit aus dem Duerf, véieranhallef Tonne Quetschen aus der Regioun op an zwaffen doraus Quetschekraut.

Verkaf: op der Plaz selwer (Museksbau Schëtter, 115 rue Principale, all Dag vu moies 7 bis owes 19:00 bis den 2. September) an an der Belle Étoile (7. an 8. September).