Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LA ROSE EN FÊTE - Rousefest an der Roseraie Château de Munsbach

Minsbëch. Den 22.September 2019 stoung de Schlasspark vu Minsbëch ganz am Zeeche vun der Rous. D’Lëtzebuerger Rousefrënn haten op hiert 2. Rousefest invitéiert an hir vill Gäscht konnte bei herrlechem Wieder hire wonnerschéine Rousegaart a senge volle Faarwe bewonneren.

De Verkaf vu Rousen, Gaardegeschir, Blummenzwiwwelen a villes méi, e Workshop fir Blummenarrangementer a Geschichte fir Kanner waren um Programm.

D’Lëtzebuerger Rousefrënn gëtt et zënter 1980. Si beschäftegen sech mat der Lëtzebuerger Rous an esou gëtt dann hir Roseraie zu Minsbech en Iwwerbléck iwwer de ganzen nationale Patrimoine. Hei ginn all déi historesch an déi nei Rousen, déi zu Lëtzebuerg geziicht oder gedeeft goufen, fir d’Zukunft erhalen.

Op dësem Rousefest haten dann déi vill Visiteuren d’Geleeënheet de wonnerbare Gaart ze bewonneren an Informatiounen aus éischter Hand ze kréien. Hire Guide „Lëtzebuerger Rousen gëschter an haut“ ass eng ambitiéis Dokumentatioun zum Thema.

De Rousegaart zu Minsbëch ass ëmmer op a ka fräi besicht ginn. D’Lëtzebuerger Rousefrënn sichen och nach Fräiwëlleger fir bei der Rousefleeg zu Minsbëch ze hëllefen. Et ass en interessant Themefeld an et gëtt Geleeënheet sech gemittlech ze begéinen. Interesséierter kënne sich mellen um 691 355 065 vun der Presidentin Mireille Steil.

Lëtzebuerger Rousefrënn via mywort.lu