Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jippelcher! Ganz no derbäi.....

Déi 2 lescht Woche virun der Ouschtervakanz hat d’Schoul zesumme mat dem Klengdéierenziichterveräin aus der Schëtter Gemeng e Projet „Jippelcher“ organiséiert.

Vu méindes un hu mir mat Spannung drop gewaart, wat am Brutkasten geschitt.

Dënschdes war et esou wäit. Déi éischt Jippelcher sinn aus hiren Eeër geschlüpft an d’Begeeschterung bei de Kanner an den Enseignantë war grouss!

Sou bal déi kleng Déiere ganz dréchen a staark genuch waren, goufe si vum Brutkasten eriwwer an e waarmt Gehege gesat, wou jidderee se gutt beobachte konnt a si gutt versuergt waren.

An eiser Bibliothéik war eng Bicherausstellung mat flotte Bicher iwwert d’Thema „Eeër, Jippelcher & Hénger“.

Ausserhalb vun de Schoulzäiten konnt een de Jippelcher duerch d’Vitrine vun der Schoulbibliothéik nokucken.