Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D`Schoul "An der Dällt" vun Mënsbech spend un Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'lescht Woch huet d'Schoul "An der Dällt" op hiert Schoulfest 2018 zu Mënsbech invitéiert.Den Erléis vun hirem Schoulfest hunn se der Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent nodeems si scho vill Suen am Kader vum Adventsmaart am Dezember 2017 fir déi selwecht Stëftung gesammelt haten. D'Fondatioun, déi och mat engem Stand um Schoulfest present war, huet all de Schüler, den Elteren an dem Léierpersonal e grousse Merci ausgedréckt a weider Informatiounen iwwert déi sozial, pedagogesch an therapeutesch Aarbecht am Alldag vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ginn.