Wählen Sie Ihre Nachrichten​

“ Chrëschtdag heiheem “ … am Syrdall

De « Schëtter Gesank - Chorale Schuttrange » hat leschte Sonndeg op säin Chrëschtconcert "Chrëschtdag heiheem" an d’Schëtter Kierch invitéiert. Un deem gelongene Chrëschtconcert hate matgewierkt d'Chorale Ste Cécile Hostert ënnert der Leedung vum Jean Schumacher mat dem Stefan Dorneanou op der Uergel an e Blechbléiser-Quintett vun der "Harmonie Schuttrange". De " Schëtter Gesank " mat sengem Solist Hans van der Drift, gouf dirigéiert vum Marianne Hengel an op der Uergel vum Jerry Dahm begleet. Um Klackespill hun zwee jonk Musikanten vun der Schëtter Musek, de Felix Weber an de Raphaël Menasce zur Feststëmmung beigedron während d'Marthe Schumacher déi eenzel lëtzebuerger Chrëschtlidder an hier Komponisten viirgestallt huet.

Zum Ofschloss hun déi zwee Chéier zesummen dat weltbekannte „Stille Nacht“ an der lëtzebuerger Versioun - „Stëll ass d’Nuecht“ - aus der Fieder von Jang Thill gesongen.

Et ass déi gréissten Friddensbotschaft op der Welt, déi de Paschtouer Joseph Mohr zu Oberndorf bei Salzburg, virun 200 Joer gedicht huet an déi de Schoulmeeschter Franz Xaver Gruber zwee Joer méi spéit vertount huet !

An der Sendung „Zauberhafte Weihnacht im Land der ‚Stillen Nacht‘“ vum ORF 2 déi virun e puer Deeg opgeholl gouf, gëtt dem Jang Thill aus dem Neiduerf säi „ Stëll ass d'Nuecht “ a lëtzebuerger Sprooch viirgedron. Wien interesséiert ass, kann déi Chrëschtsendung Samschdes, den 17. Dezember um ORF 2, oder Freides, den 23. Dezember um BR ( Bayrischer Rundfunk ), all Kéier um 20:15 Auer kucken.