Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hierken Weekend zu Mënsbech

15
Feb
2020
15 Feb 16 Feb

Hierken Weekend,

Samschdeg den 15.2.2020 ab 18:30 Auer an e Sonndeg den 16.2.2020 ab 11:30 Auer zu Minsbech am Centre Culturel hannert der neier Sportshaal "an der Dällt".


Hierken Filets mat Quellgromperen 17€ oder Wirschtercher mat Gromperenzalot 14€.


Sonndes ab 13:30 Auer Thé dansant mam Orchester "LUX-DUO".


Kommt och bei eis, wann Dir kee Menu huelt, well fir Gedrénks, Tombola, Taart a Kaffisstuff, Danzmusek a Stëmmung ass beschten' s gesuergt!


Och kënnen gären Menuer fir mat Heem ze huehlen bestallt ginn.


Reservéiert Äre Menu w.e.g. bis spéitstens den 14. Februar 2020 Marx René: 621 186 375 / rmarx1@pt.lu