Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Weltwaasserdag 2022

Weltwaasserdag

D’Waasser, besonnesch d’Krunnewaasser, spillt an eisem alldeegleche Liewen eng wichteg Roll. Et hëlleft eis net nëmmen eis liewenswichteg Bedierfnesser ze decken, mee et ass och bei eiser Hygiène oder beim Ënnerhalt vu vill verschidden Alldagsobjeten noutwendeg.
An deem Kader huet de Syndicat des eaux du sud an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Dippech de Moien an eiser Schoul e flotte Vitrag iwwer d'Waasser gehalen.
Dobäi hunn d'Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fonademental e flotten Inox-Waaserbidong geschénkt kritt deen se bei ee vun den 3 Waasserspender am Schuller Schoulgebai mat frëscht Krunnewaasser kënnen opfëllen an domadder dozou bäidroen de Gebrauch vu Plastik um Schoulcampus ze reduzéieren.