Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vernissage vun eisem Fotosconcours

Gëschter Owend goufen d’Gewënner vun eisem Fotosconcours « Gemeng Dippech, eis Dierfer, eis Bierger an eis Ëmwelt » am Kader vun engem flotte Vernissage annoncéiert.

Et war schéi festzestellen dass d’Konscht nach ëmmer d’Fäegkeet huet d’Leit zesummenzebréngen.

De Fotosconcours ass awer nach net grad eriwwer well de Publikumspräis nach bestëmmt muss ginn an dee kënnt DIR entscheeden andeems Der Iech d’Fotosconcours-Ausstellung op der Gemeng ukucke kommt an op der Plaz fir Är Liblingsfoto stëmmt. Domadder hudd Der och vläit d’Chance dat offiziellt Fotobuch vum Concours ze gewannen. Bonne chance!

E grousse Merci un d’Participanten, un d’Jury an un d’Kulturkommissioun fir dësen Erfollegräichen Evenement.