Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Rentnerfeier

Haut huet zu Schuller an der Sportshal eist traditionellt Rentnerfeier statt fonnt. D’Evenement ass vun der Intergenerationneller Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Dippech organiséiert ginn.

Nom Aperitif an de Riede vun de Gemengeresponsabelen, hunn déi zuelräich Gäschten e leckeren Rôti Orloff ze schmaache kritt an als Dessert ass et gutt Stéck Bûche ginn. Dat ganzt ass vum Rol Girres a vum Marion Welter musikalesch begleet ginn. Verschiddener hunn der flotter Stëmmung net konnte widderstoen a sinn op der Danzpist e puer Schrëtt danze gaangen.

Zum Schluss kruten d’Gäschten nach e flotte Cadeau vun de Gemengeresponsabelen geschenkt.

E grousse Merci un d’Invitéierten an un all déi déi dozou bäigedroen hunn aus dësem Nomëtten en Erfolleg ze maachen.