Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ofschlossfeier vun de Summeraktivitéite vun der Maison Relais

An enger spillerescher a freedeger Stëmmung, huet d’Maison Relais Dippach den Ofschloss vun de Summeraktivitéiten am Schullerpark gefeiert.

De Publikum an d’Elteren hunn de Kanner ganz bewonnert nogekuckt wéi se, mat der Hëllef vun den Erzéier, en immens léiwe Spektakel geliwwert hunn.

E grousse Merci un d’Personal vun der Maison Relais fir déi excellent Aarbecht wou se iwwert d’ganzt Joer geleescht hunn a natierlech och un d’Kanner fir hir Participatioun.