Wählen Sie Ihre Nachrichten​

MultiCulti

Den 22. September hu mir zu Schuller eis kulturell Villfältegkeet gefeiert. Eise MultiCulti ass, wéi eis Buergermeeschtesch et esou schéi gesot huet, eng flott Geleeënheet d’Mauere falen ze loossen a Leit aus allen Horizonten kennezeléieren.

De kulturellen Austausch geet natiirlech och iwwert d’Iessen : Hei konnt een nieft lëtzebuergesch Spezialitéiten, ënnert anerem och italiensch, portugiesesch oder ivoresch Plate ze schmaache kréien.

Fir Animatioun ass och gesuergt ginn. Et gouf gesongen, gedanzt a gezaubert.

Mir soen de Bierger, Veräiner a Gemengeresponsabelen déi dozou bäigedroen hunn aus dësem MultiCulti en Erfoleg ze maachen, e grousse Merci