Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gëllenhochzäit Bodson-Kraemer

Den 23. August huet d’Gemeng Dippech d’Éier gehat d’Gëllenhochzäit vum Brautpuer Bodson-Kraemer ze feieren. 50 Joer beieneen ze bleiwen ass an den haitegen Deeg eng Leeschtung a mir als Gemeng sinn ëmmer erëm frou e gëllent Brautpuer hei z’empfänken.

Mir wënschen hinnen nëmmen dat Bescht a nach vill schéi Joren dobäi.