Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éierung vun verdéngschtvollen Musikanten


Bekanntlech soll een jo Fester féieren wéi se falen an dofir huet d'Schuller - Sprénkenger Musek op hirem Concert de Bienfaisance am Abrëll och verdéngschtvoll Musikanten geeéiert. Medailen goufen vun der Mme Buergermeeschter Manon Bei-Roller an dem UGDA Delegéierten Mme Donven-Rosetti Adèle iwwerreescht an zwar un folgend Musikanten

5 Joer Insigne : Aurèle Pouit a Philippe Wein

50 Joer Médaille de Mérite en Argent "Grand-Duc Adolphe" : Raoul Wilhelm

70 Joer Médaille en Vermeil Grand-Duc Adolphe avec Palmette : Camille Jost