Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dag vum Bam am Zeeche vum Fairtrade

Den 14. November hunn 2 Klassen aus der Grondschoul vu Schuller e Käschtebam um neien Schoulcampus zesummen matt Vertrieder vun der Gemeng gesat. Et handelt sech dobai em de Bam vum Joer vun 2019. D’Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller huet d’Wichtegkeet vun deem Dag an hirer Usproch ënnerstrach. Matt vill Begeeschterung an groussem Asaatz hunn d’Kanner de Gemengenarbechter gehollef, de Bam an de Buedem ze setzen. Duerno gouf et vir jiddwereen e Fairtrade Jus an e Fairtrade Croissant.