Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Commémoratiounsdag 2020

Fir de Commemoratiounsdag hu sech dëst Joer nees d’Gemengeresponsabelen, Veräiner an Awunner gesammelt fir de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek géint déi däitsch Besetzung ze éieren. D'Zeremonie gouf natierlech un de sanitär Recommandatiounen ugepasst.

Dës Kéier ouni Cortège, war de Rendez-vous direkt beim Monument aux Morts wou d’Fanfare Schuller-Sprénkeng d’Sonnerie aux Morts gespillt huet. Uschléissend sinn d’Gerben vum Schäfferot zesumme mam Vertrieder vun den Dippecher Dachsen niddergeluecht ginn.

No enger emotionaler Gedenkminutt, huet d’Buergermeeschtesch eng Ried gehale wou Sie d'Wichtegkeet, zemools a Krisenzäiten, vun der sozialer Koheränz ënnerstrach huet.

D'Zeremonie ass mam Nationalhymn ofgeschloss ginn.