Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chrëschtmaart 2019

Den traditionellen Dippecher Chrëschtmaart ass e Sonnden am Schnéi op en Enn gaangen.

Zuelräich Leit hunn e Freiden Owend, bei der Erëffnung, vun der freedeger Stëmmung vun eisem Chrëschtmaart konnte profitéieren. Ënnert de Neiegkeeten war dëst Joer souguer eng Curlingspiste mat dobäi. Wéi all Joer, hunn déi Zuelräich Chaleten dofir gesuergt dass et eppes Leckeres vir den Honger a fir den Duuscht ginn ass, an den DJ Luke huet bis spéit am Owend fir eng flott Stëmmung gesuergt.

Samschdes War den Héichpunkt fir alleguer d’Kanner aus der Gemeng well do koum nämlech de Kleeschen. Jiddwer (braavt) Kannt krut eng Titchen mat 100% fair trade a bio Produkter dran.

De leschten Dag vum Chrëschtmaart huet mat denen éischte Schnéiflacken ugefaangen. De Programm war dëst Kéier méi musikalesch. Als éischt ass d’Band « MayB2 » opgetrueden a huet fir eng méi rockeg Stëmmung iwwert dem Mëttegiesse gesuergt. Méi spéit am Nomëtten war et dann un der Käerjenger Musekschoul opzetrieden.

E grousse Merci un d’Gemengeresponsabelen an un all déi déi gehollef hunn dëse Chrëschtmaart z’organiséieren.