Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jugend as d'Zukunft - Generalversammlung Pompjeeën Gemeng Fëschbech

Dëse Samschden 2 Mäerz wor d'Generalversammlung vun de Pompjeeën aus der Gemeng Fëschbech. 27 Memberen, Frënn vun de Pompjeeën, Éieregäscht, ënner anerem Madame Buergermeeschter Marianne Brosius-Kolber an de Kantonalpresident Carlo Birscheidt, haten sech afonnt fir déi sëlleche Rapporten ze lauschteren. De Kommandant Lucien Karier ass senger Usproch besonnesch ob Weiderbildung am Corps agaangen an huet betount,wéi wichteg et ass un de Coursen deelzehuelen, fir dass mer e kompetenten Service kennen ubidden. Besonnesch ernimmt huet en de Mike Karges deen am laf vum Joer den BAT1 gemeet huet an de Pol Daems deen niewent der Instrukterformatioun am Joer 2012 och nach de Posten vum Kantonaljugendleeder ugeholl huet.

No der Gedenkminutt, wou mer dëst Joer besonnesch un eng vun eise Giedele vum neie Fändel dem Anny Goldschmit geduecht hunn, huet de Sekretär Luss Brosius säi Joersrapport virgedroen. An dësem stoung ënner anerem dass 11 Übungen/Instruktiounen ofgehale goufen, de Corps op 6 technesch Asätz an op 2 Brandasätz gefuer wor.

De Caissier Roland Miny konnt eis een Iwwerbléck zu eisem Kontostand ginn, deen emol guer net esou schlecht ausgesäit. Wat och gutt ass well mer dëst Joer eist Buch zum Centenaire wäerten erausbréngen.

De Jugendleeder Mike Daems huet eis Jonk Memberen gelueft, well Si zu 2 de Selwertest an zu 4 de Goldtest gepackt hunn. De Goldtest zielt bei den aktiven Pompjeeën als Grondausbildung. Esou dass dës 4 motivéiert Jugendlecher elo prett sinn fir mat 16 Joer bei deenen Aktiven matzemaachen. Eise Kommandant huet déi gutt Aarbecht gelueft, déi an de leschte Joeren am Jugendberäich zu Schous geleescht ginn ass, a betount ewéi wichteg d'Jugend fir Zukunft vum Corps ass.

No de Rieden vun eisen Éieregäscht si mer dunn zesummen an d'Veräinshaus gaangen wou de Buffet vum Niessen ob eis gewaart huet a mir bei engem gudde Patt den Owend ausklénke gelooss hunn.