Wählen Sie Ihre Nachrichten​

#LIEWEN WANDERAUSSTELLUNG ZU SCHIEREN


En Donneschden den 19. Dezember war déi grouss Aweiung vun der Wanderausstellung #LIEWEN an der Gemeng Schieren a Presenz vum Buergermeeschter Eric Thill, den Schëffen Camille Pletschette an Ben Pierrard an dem Alain Frantz vun Protransplant.

Nodeems den 17.Oktober um internationalen Dag vun der Organspend déi offiziell Projetspresentatioun an der Staat stattfonnt huet, ass des elo als Wanderausstellung duerch Lëtzebuerger Land ënnerwee fir d'Leit iwwer d' Thema vun der Organspend ze informéieren.

Vun Ufank Mäerz bis Enn September waren d'Leit opgeruff Fotoen mam Passeport de vie ze maachen an des mam #LIEWEN op den sozialen Medien ze deelen. Aus all den Biller déi erageschéckt goufen huet den Lëtzebuerger Kënschtler Jacques Schneider Konschtwierker geschaaf. Eent dovun ass op enger groussen Lokomotiv ze gesinn déi een Joer laang mam #LIEWEN Design wäert uechtert Land fueren. Dat anert Konschtwierk ass an Form vun engem groussen Banner ze gesinn déi als Wanderausstellung fungéiert. Dësen Banner gëtt begleet vun enger Miniaturlokomotiv déi der original noempfonnt ass.

Nach bis Mëtt Januar kënnen d'Léit sech virun an an der Schierener Gemeng des flott Ausstellung ukucken an Informatiounen zur Organspend kréien.

Och ausserhalb vun der Ausstellung kann een zu all Moment am Populatiounsbüro sech säin Passeport de vie sichen goen.


Méi Infoen zu der Ausstellung an Protransplant fann dir ënner:

https://www.facebook.com/WellallChoixzielt/

www.protransplant.lu