Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Spendenaktioun fir d' Fondatioun Wonschstär vun der Maison Relais Schengen

Op Invitatioun hin, war den 18. Mee 2017 d’Fondatioun Wonschstär an onser Maison Relais Schengen/Annexe Elveng op Besuch komm.


D’Kannerresponsabel aus den 3 Maison Relais’en haten zesummen mat hire Gruppen fir den Ouschtbazar zu Bech-Maacher gebak, gebaut a gebastelt.


Si hunn decidéiert dass den Erléis fir d’Fondatioun Wonschstär wier.


Hinnen huet gefall dass Fondatioun Wonschstär sech em kleng a grouss Mënschen, och iwwert eis Grenzen eraus, hëlleft een klengen oder och heiansdo mi groussen Häerzenswonsch ze erfëllen.


Eng respektabel Zomme vun 718,81 Euro war dobäi zesummekomm an ganz houfreg hunn si de Representant’s vun der Fondatioun Wonschstär hiren Chèque iwwerreecht.

Weitere Neuigkeiten von Tom Jacoby >