Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Saisonal Wanderung zu Schengen

Saisonal Wanderung zu Schengen


De Syndicat d’Initiative Schengen organiséiert ab dësem Joër 4 saisonal Wanderungen.


Sonndes, 22. Abrëll wor et mat der Fréijoerswanderung souweit.


No der Begréissung vum Comitésmember Schreiner Nico hun sech dun 45 Wanderfrënn dem Guide Ali Thommes ugeschloss an e flotten Tour erlierft.


Vum Musée Européen Schengen aus ass et dun a Richtung Stroumbierg, dorch d’Wengerten bis bei de Markustuerm um Markusberg.


Héi huet de Syndicat d’Initiative Schengen eng Coupe Crémant zum Beschte gin an dei vill Leit déi Deel geholl hun, konnten d‘Expo vum Kënschtler John Schmit am Markustuerm besiche.



Déi nächst Wanderung ass Sonndes, 17. Juni 2018.


Rendez-vous ass um 09.15 Auer zu Schengen beim Musée Européen Schengen.


Umelle veg ennert der Mail :

info@si-schengen.lu


Participatioun : 5.- Euro