Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Feierlech Aweihung vum Markushaischen (Markustuerm) zu Schengen

Leschte Freideg wor déi offiziell Aweihung vum neien Markushaischen zu Schengen, dest a Presenz vun villen Inviteen.


Nierft den Kolleginnen a Kollegen aus dem Comité, konnten de President a Vizepresident Marc Schoentgen a Raymond Mahnen och de Wäibauminister Fernand Etgen, Députéiert, Gilles Baum, Lex Delles, Octavie Modert, de Borgemeeschter Ben Homan, Vertrieder aus dem Wäibau, de staatleche Verwaltungen, de Gilles Estgen, President vum ORT avm. begréissen.


De President vum SI Schengen, Marc Schoentgen, huet a senger Usproch op d'Geschicht vum Markushaischen zreckgekuckt an der Gemeng Schengen an de villen Sposoren a Handwierksbetrieber e grousse Merci fir déi finanziell awer och materiell Ennerstetzung bei der Restauratioun ausgeschwat.


Mam Bleck an d'Zukunft, sou de President, soll den Tuerm emmer méi am Beraich Oenotourismus agesat gin a kann och vun Privatleit gelount gin. Kontakt info@si-schengen.lu


Souwuel de Minster Fernand Etgen wei och de Borgemeeschter hun de Comité fir hier Initiative geluerft.


De President vum ORT, Gilles Estgen, huet a senger Usproch drop hingewissen, dass grad sou Initiativen wichteg fir d'Miselerland wiren. Den in- an auslänneschen Visiteur am Miselerland geng grad sou Platze siche goen. Eng ideal Platz fir d'Wainer a Crémanten ze probéieren.


De Serge Fischer, Waiberooder an der Réimecher Wäibaustatioun huet a sengem Referat op de Waibau an den 20er an 30er Joeren zreckgekuckt.


De Markusberg zu Schengen get et lo genee 80 Joer. Et wor den 13. September 1936 wei um Tuerm, no Ferdegstellung vum eischte Remembrement, d'Statue vum Hellege Markus ubruecht gin ass.


Och bei der Feier e Freideg wor et de Paschtouer Daniel Graul, deen de Seegen fir den Tuerm, d'Statue an d'Wengerten vum Markusberg ernéiert huet.


Hei e puer Andreck.


Merci dem Paul Hilbert an Johny Pleimling (JMT) fir d'Fotoen.