Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Chorale Ste Cécile Sandweiler 1849 - 2019

170 Joer


Chorale Mixte Ste Cécile Sandweiler

1849 – 2019


HISTORIQUE


D’Chorale Ste Cécile Sandweiler feiert 2019 hiren 170ten Gebuertsdag.

Aus dem Gronn wëll ech en kuerzen Iwwerbléck maachen iwwert d’Geschicht vum Veräin.

Am Joer 1849 huet sech den Paschtouer Wilhelm WELTER mam Schoulmeeschter Jean-Pierre HAAL getraff an si hunn sech Gedanken gemaach wee een den Gottesdéngscht an och weltlech Fester duerch Gesang kënnt verschéineren.  Et war dat den Grondsteen vum haitegen Gesangsveräin deen 1849 als rengen Männergesangveräin gegrënnt ginn ass.

Den Jean-Pierre HAAL war dann och den eeschten Dirigent bis 1883.

Offiziell ass den Veräin eng eeschte Kéier ernimmt ginn 1863, wou hien een vun den Grënnungsmemberen war vum „ Allgemeinen Luxemburger Musikverein „ der heitiger UGDA.

Eng zweet offiziell Datéierung ass en Joer mee spéit, wou den Veräin bei der Uropféierung vun der „ Heemecht „ zu Ettelbréck derbäi war ënnert der Leedung vum Jean-Antoine Zinnen.

Den Veräin huet sech ganz gutt entwéckelt an huet och an der Zäit un villen Concoursen deelgeholl a vill Preisen an Diplomer heembruecht.

Awer eréischt mam Bau vun enger Uergel, dee vun den Gebridder Müller aus Reifferscheid (D) gebaut ginn ass an dee 1906 ageweit ginn ass, konnt sech den Veräin esou richteg entfalen. Dee spéit romantesch Müller-Mayer-Blonigen-Uergel hat deemools  15 Register op 2 Manualen verdeelt.  Dat historesch Instrument ass eng vun den eelsten Uergelen zu Lëtzebuerg. Bis 1906 stoung an der Kierch en alen Harmonium.

Am Mee 1900 ass d‘Veräinshaus an der Gässel  ageweit ginn an do huet dann och den Gesang seng Prouwen an Fester ofgehalen.  1997 ass dësen historeschen Sall leider ofgerappt ginn.

Ganz schwéier Zäiten sinn ugebrach an den Krichsjoren, wou d’Nazien den Veräin opgeléist hunn an den President Jengi Philippe an den Kéesier René Berns an rue Heine zitéiert hunn. Trotz der Opléisung hunn Philippe, Berns an Georges Reisdorf als Organist den Veräin heemlech virugefouert.

Den 12. Juni 1949 konnt den Veräin dann och schonns sein 100ten Gebuertsdag feieren.

Nom Krich war d’Begeeschterung riseg an den Veräin huet schnell iwwert 30 Aktiver gehat.

Och huet den Interessen um Gesang bei den Dammen an Meedercher emmer mee zougeholl, soudass den Comite beschloss huet, den „Männergesangverein“ och den weiblechen Sängerinnen zougänglech ze machen an huet 1966 d’Chorale an en gemëschte Chouer ëmgeännert.

D’Chorale mixte Ste Cécile Sandweiler war gebuer.

Well den Intressen um Gesang och bei den Kanner an Jugendlechen grouss war, ass 1973 d’Chorale Enfantine Allegro als „Zweigverein“ vun der Chorale gegrënnt ginn an 1975 ass doraus en eegestännegen Veräin „ Kannerchouer ALLEGRO „ entstanen. Eescht Dirigentin vun ëmmerhin schonns 21 Kanner war d’Mme Irène BIRMAN-MEYSEMBOURG. Leider huet och dësen Chouer d’Problematik vum Desintressen net iwwerliewt an huet sech 2018 opgeléist.

1994 huet den Gesang 145jähregen Jubiläum gefeiert an duerno ass eng schwiereg Period ugaangen an der vill Aktiver den Veräin verlooss hunn.

D’Chorale Ste Cécile, dee och emol schonns weit iwwert 40 Aktiver gezielt huet, steet zënter 2001 ënnert der musikalescher Leedung vum Georges JUNGBLUT.  Deemools huet hien den Gesang no enger schwiereger Zäit mat nach 12 Aktiver iwwerholl an lues an lues huet d’Chorale sech erems erkritt.

Mir gesinn dass de Veraïn an deenen 170 Joer esou munch Kris iwerstanen huet an dass et emmer erems Leit ginn huet  dee sech stark gemacht hunn fir den Klub, dee d’Problemer ungepackt hunn an den Verain um Liewen erhalen hun.

Och haut ass den Veräin ganz aktiv um kulturellen Liewen  zu Sandweiler bedeelegt an höllt un villen Aktivitéiten an Manifestatiounen, dee vun der Gemeng organiséiert ginn, deel. Vill kierchlech Feierlechkeeten, Massen an Fester ginn vun der d’Chorale gesanglech animéiert.

Derbäi kommen dee verschidden Engagementer ausserhalb vun Sandweiler.

Dem Dirigent , allen Sängerinnen an Sänger, en groussen Merci. Si sinn et dee dem Veräin hir Stëmm ginn an dee Woch fir Woch an den Prouwen oder an den Massen am Asaz sinn.

AD MULTOS ANNOS.

 SÜNNEN Jean-Marie, President  

Sandweiler, Februar 2019