Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Et geet ëm de Fric", Cabaret Batter Séiss zu Sandweiler am Centre Culturel

11
Jan
2020
11 Jan

Den 11. Januar 2020 trëtt de Cabaret Batter Séiss op Invitatioun vun der Kulturkommissioun zu Sandweiler am Centre Culturel op. Ufank 20.00 Auer. Entrée: 15 Euro. Info a Reservatioun per E-Mail op kultursand@gmail.com oder iwwert Te.: 691 48 49 18 oder 621 46 62 91.


Wann een d ‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Décisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Décisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’ Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d ‘Kees stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?

Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am private Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2019/20 mécht sech de Cabaret Batter Séiss , wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric!

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mam Rob Wagner gespillt gëtt. D’ Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.