Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kannerfuesbal


De Kannerfuesbal organiséiert vun der Elterevereenegung vu Rouspert war och des Joer e grousse Succès. De Clown Tom a seng Assistentin hu fir eng flott Stëmmung gesuergt an och eis Zauberin Tonia war erëm um Rendez-vous fir Grouss a Kleng mat enger ganz besonnescher “Zauberglace” ze verwinnen.

Doniewent gouf et eng richteg impressionnant Tombola, e Glécksrad an och Méiglechkeet beim Fësche vu Virwëtztute säi Gléck ze probéieren. Net ze vergiessen gouf et tëschenduerch Wippercher, Zwiwwelszopp a selwergemaachte Gebäck


Weitere Neuigkeiten von Yvette Zeimetz >