Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Relegatiounsmatcher fir den Opstiig an d'BDO TT LEAGUE


Dëschtennis Rued

E Samsdeg, de 5. Abrëll um 19.30 Auer ass zu Rued/Sir am Dëschtennis-Sall den éischte Relegatiounsmatch fir den Opstiig an d'BDO TT League

No enger fantastescher Saison mat der 2. Plaz an der Nationale 2 spillt den DT Rued elo géint den DT Hueschtert-Folscht ëm eng Plaz an der héchster lëtzebuergescher Dëschtennis Liga, dëst am System best-of-three

Kommt eis Equipe mam Dani Konsbruck, Vini Schlink, Annick Stammet, Carlo Feltes a Kevin Mertes ënnerstëtzen