Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Doublé fir d'Dammenéquipe vum DT Rued

D’Dammenéquipe vum Dëschtennis Rued mam Dani Konsbruck, Annick Stammet a Vinita Schlink réaliséiert 2017 den éischten Doublé (Coupe & Championnat) an der Veräinsgeschicht. Nodeems si am Januar d'Coupe gewonnen huet, konnt d'Equipe de 4. März no der Réckronn am Championnat och desen Titel gewannen. Zesumme mat hire ville Supporter, déi di Rueder Meedecher ganz staark ënnerstëtzt hunn, gouf desen Doublé bis spéit an d'Nuecht gefeiert.