Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Damme vu Rued gewannen d'Coupe de Luxembourg

Nodeems um Sonndeg de Moien Wëntger an der Halleffinall mat 4-0 éliminéiert gouf, huet d'Dammenéquipe vu Rued mam Annick Stammet, Dani Konsbruck a Vini Schlink et färdeg bruecht sech och an der Finale an der Coque mat 4-3 géint Käerjéng duerchzesetzen.
Des Final war u Spannung an Dramatik kaum ze iwwertreffen. Déi vill Supporter vu Rued, déi d'Equipe fantastesch ënnerstëtzt hunn, haten alleguer schweessesch Hänn, wéi et bei 3-3 an den alles entscheedenden Dubbel gaangen ass. Um genau 19 Auer konnt den 2. Matchball an der Belle verwandelt ginn, a wat dono lass war, ass schwéier ze beschreiwen.
D'Annick, d'Dani an d'Vini luche sech minuttelaang an den Äerm, konnten et bal net gleewen, dass si et gepackt hunn an hu sech immens gefreet.
Aus den Hänn vum Verbandspräsident kruten di 3 Spillerinnen d'Coupe iwwerreecht a si wollten se guer net méi lass loossen.
Fir d'éischt an der Veräinsgeschicht konnt d'Coupe de Luxembourg op Rued geholl ginn an d'Freed an den Houfer bei de Spillerinnen, Traineren, Supporter a Responsabel vum Veräin war an ass rieseg.