Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gemengewahlen 2011 - Peter Sodermans - elections communales

Madame, Monsieur,

Erlaabt mir wann ech gelift, datt ech Iech mat dësem Bréif meng Kandidatur fir d'Gemengewahlen 2011 matdeelen.

Ech gouf virun 48 Joer an der Belsch gebuer a war schonn ëmmer vum Lëtzebuerger Land ugezunn. Zënter 1992 liewen ech hei am Land a seit bal 5 Joer wunnen ech mat menger Famill zu Rued a wéilt dofir gär um lokalpolitesche Liewen deelhuele fir d’Zukunft vun eiser Gemeng aktiv matzegestalten.

Lëtzebuerg huet mir vill bruecht. Ech konnt hei mäi soziaalt a professionnellt Liewen entwéckelen, um nationalen an internationale Plang.

Am Laf vun der Zäit hunn ech mech mat der Kultur an der lëtzebuerger Sprooch identifizéiert an hunn och déi lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Als Beroder am Beräich Informatiouns- an Kommunikatiounstechnologie schaffen ech schonn e puer Joer erfollegräich fir d'Lëtzebuerger Regierung. Meng Aufgab besteet doran, de Kontakt mat Internetfirmen z'établéieren, fir datt dës Firmen zu Lëtzebuerg investéieren.

Wann ee sech wuel fillt, geet d’Zäit séier erëm. A mengem Beruffsliewen hunn ech déi lescht 20 Joer vill Erfahrung um internationale Plang gesammelt a konnt anengems zu Lëtzebuerg wunnen. Dat, wat dëst Land an Rued (Simmern) mir ginn hunn, géif ech gär zeréckginn andeems ech mech asetze fir déi Gemeng, an däer meng Famill (mir hunn ee Kand) an ech mat wunnen.

Ech wëll mech asetzen, fir Simmern mat lech weider no vir ze bréngen, fir datt d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng erhale bleift. Als oppenen a sozialen Mënsch ënnerstëtzen ech all Initiativ fir d'Entwécklung vun eiser Gemeng. Ech sinn der Meenung, datt mir den Eco-Tourismus an eiser Gemeng nach méi fördere sollen. Dat wat Simmern an den Aischdall ausmécht, ass seng Identitéit vu Landschaften, Patrimoine, Kultur... e Räichtum, dee mir erhalen a weider valoriséiere solle fir den doucen Tourismus.

Ech soen lech am viraus villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung bei de Gemengewahlen an verspriechen Iech, datt Dir op mech zielen kënnt.

Mat frëndleche Gréiss,

Peter SODERMANS

Mäi komplette beruffleche Parcours fannt Dir ënnert: http://www.linkedin.com/in/sodermans
----------------------------------------------
Par la présente, je me permets de vous informer de ma candidature pour les élections communales.

Né à Hasselt en Belgique il y a 48 ans, j'ai depuis toujours été particulièrement attiré par le Grand-duché de Luxembourg. C'est donc très naturellement qu’en 1992, poussé par l'ouverture des frontières, je suis venu m'établir à Luxembourg.

Le Luxembourg m'a beaucoup apporté. J’ai pu m'y épanouir tant dans ma vie sociale que professionnelle où j'ai pu développer mes compétences à l'international tout en restant habiter au Luxembourg.

Au fil du temps, je me suis imprégné de la culture et de la langue luxembourgeoise jusqu'à en prendre la nationalité.

En vue de fonder une famille, je me suis mis en quête du lieu idéal et c'est alors que j'ai découvert Roodt (Septfontaines) dans la vallée de l'Eisch où j’ai pu acquérir une charmante maison.

En tant que consultant pour le gouvernement luxembourgeois, je participe activement, et ce depuis plusieurs années, à la promotion du Luxembourg en tant que centre d’excellence pour les activités de l’ICT (Technologies de l'information et de la communication), je me concentre sur la recherche de sociétés internet étrangères afin qu'elles investissent au Luxembourg.

Quand on se sent bien, le temps passe vite. Pour preuve cela fait déjà 19 ans que j'ai le bonheur de vivre au Luxembourg et surtout à la commune de Septfontaines. A ce pays qui m'a tout donné, je veux aujourd'hui apporter ma contribution en m'investissant personnellement dans la vie de cette commune qui nous accueille ma famille et moi.

Je veux mettre l'ensemble de mes compétences à votre service pour que Septfontaines prospère et que la qualité de vie qui la caractérise y soit préservée. Je pense à mieux développer et organiser le tourisme durable. L'attractivité de Septfontaines et la vallée de l’Eisch, c'est avant tout son identité. Paysages, patrimoine, culture... C'est une richesse qui doit être préservée, mais aussi mieux valorisée pour attirer de nouveaux publics.

Je m’engage à mettre tout en œuvre pour être digne de la confiance que vous m’accorderez lors de ces élections.

Cordialement

Peter SODERMANS

PS Vous trouvez mon parcours professionnel complet sur : http://www.linkedin.com/in/sodermans