Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Irma Thill huet hiren 85. Gebuertsdag gefeiert


Mat engem schéine Cadeau hunn d‘Gemengevertrieder vun Ell viru kuerzem dem Irma Thill vu Rued fir hir 85 Joer gratuléiert. D‘Irma koum den 22. Juli 1926 als zweet vun 2 Kanner zu Rued op d‘Welt. Hir Eltere waren de Frédéric Thill aus dem Schweecherdaul an d’Louise Jeanty vun Uewerpallen. De 27. Oktober 1951 huet se hirem zukünftige Mann, dem Jean Thill, an der Rieder Porkierch d‘Jowuert ginn. Mat him huet si all di Joere fläissig um Baureweese geschafft, niewebäi eng Épicerie bedriwwen a mat vill Versteesdemech a Geschéck fir d‘Erzéiung vun hiren dräi Kanner gesuergt. Hinnen, dem Jos, dem Guy an dem Yvette huet si déi dach sou wichtig Wäerter mat op de Wee ginn, déi si an där heitiger Gesellschafft erfolligräich geleet hunn. Sou war et hir zousätzlich eng grouss Freed vum Jos, dem eegene Jong, an der Funktioun als Buergermeeschter vun Ell geéiert, ze ginn.

D‘Schäffin Monique Baldassi ass weider an hirer Ried, op d‘Plaz vun der Fra an der heitiger Gesellschafft agaang an huet dat mat engem flotte Sproch ënnerstrach: „ Hannert all staarkem Mann stécht eng nach méi staark Fra.“ D‘Irma an hire Mann hätte bewisen, dass Fra a Mann
gläichwäertig Partner sinn, en Team, wou allebéid hiren Deel zum Gelénge bäidroen, een deen anere brauch a sënnvoll ergänzt. An deem Sënn kéint d‘Irma berouigt a mat Stolz zréckblécken an dës kleng Feier, zesumme mat der ganzer Famill, hire sechs Enkelen an dräi Urenkelen, genéissen.