Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat Rollénger Primärschoul 1970 bis 1976

Lamadelaine. Am Oktober hu sech déi fréier Schoulklassekomeroden, Joergang 1964 vun der Rollénger Primärschoul fir hiren 8. Konveniat getraf, fir zesummen hire 55. Gebuertsdag ze feieren. De Jean-Luc Back an de Robert Lucas haaten e flotten Trëppeltour iwert en Deel vum Tëtelbierg organiséiert. Duerno stung eng interessant Visite guidée vun der Lamadelainer Grondmillen um Programm. Fir den Dag ofzeschléissen gouf sech bei engem leckere Nuetiessen op de Rollenger Weiheren un sou munch Spiichten vu fréier erënnert. Text/Foto: Robert Lucas