Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Caeciliefeier

Lamadelaine. Beim traditionellen Caecilienconcert vun der Société Chorale Lamadelaine, den  dëst Joer zum Undenken un de kierzlech verstuerwenen laangjäregen Dirigent a Sänger, dem Jeannot Linden gesongen gouf, sinn eng Rei verdéngschtvoll Memberen geéiert ginn. D' Dammen Wagner-Heitz Arlette a Weber-Maes Caroline hunn als Vertrieder vun der UGDA des Medaillen iwwerreecht : d' "Médaille  de mérite en bronze" fir 10 Joer Aktivitéit un den Här René Brauch , d' "Medaille de  mérite en vermeil" fir 30 Joer Aktivitéit kruten d'Hären Jeannot Feller a Charles Storoni an de President René Klein krut souwuel d' "Médaille de mérite en vermeil" fir 30 Joer Memberschaft wéi och d' "Plaquette de Reconnaissance Jean-Antoine Zinnen" fir 30 Joer Presidentschaft.