Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwereechung Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Dat traditionellt Summerfest vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung war dëst Joer den 5 August. Wärend de Festivitéiten huet d’Madame Girsch-Peffer de ganzen Erléis vum Verkaf vun hiren Strëcksaachen, wou si d’ganzt Joer 2017 dru geschafft huet a bei verschidde Geleeënheeten verkaaft huet, a Form vun engem Scheck, dem Generaldirekter DR Jean-Paul Grün an der Directrice des soins Madame Sophie Bernard, iwwerreecht.

D’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung seet der Madame Girsch-Peffer e grousse Merci fir dëse generéisen Don.