Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Steve KOLELA gëtt vum BKS-Racing Kart-Team geéiert

De Steve KOLELA (25 Joer, Member vum BKS-Racing Team aus Réimech) huet sech d'Saison 2015-2016 ganz op d'Klassement vun der internationaler „Sodi World Series“ konzentréiert. Mat iwwer fënnef Dausend Piloten, ass dëst dat gréisste Kart Championnat vun der Welt. Hien huet sech an der Belsch ënnert 298 Piloten, op déi ganz gutt 2. Plaz klasséiert. Am Internationalen SWS-Ranking ass heen op déi och ganz gutt 9. Plaz komm, bei engem Total vun 5018 Piloten déi do weltwäit matgemaach hunn. Mat 152 Punkte Réckstand, hunn him manner wéi 1,5% Punkten, op déi éischt Plaz gefehlt. D'„Sodi World Series - Grande Finale Mondiale“ mat den 80 beschte Piloten vu 5 Kontinenter war den 8. an 9. Juli 2016 zu Paräis um Circuit RKC Aérodrome de Pontoise F-95650 Boissy l'Aillerie, wou den SWS-Weltmeeschter entgülteg entscheed ginn ass. An der Finale ass et wéint technesche Problemer um Kart leider just fir Positioun 17 duer gang. Gewonnen hunn P1 CAPRASSE Kevin (BE), P2 DELVENNE Simon (BE), P3 AZZOPARDI Julien (FR).