Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sidd Dir drun interesséiert, ee mol de Mount Kart ze fueren?

D'Kartsaison 2020 fänkt den 08. Januar un, mat den éischte Manche vun der „Luxembourg Kart Trophy“, organiséiert vum Lëtzebuerger Kart-Club BKS-Racing asbl, deen dat scho säit 15 Joer mécht. Gefuer gëtt „indoor“ an „outdoor“ op Lokatiouns Karten, op de Piste vun Monnerech, Lexy, Augny, Grüfflingen an Dolhain. Et ginn ee mol am Mount (Mëttwochs owes) jee dräi Manche gefuer, an et gëtt och Punkte pro Manche, an um Enn vun der Saison ass dann och eng kleng Feier mat der Pokaliwwerreechung.

Intresséiert?

Wann dir scho Kart Erfarung hutt an intresséiert sidd ee mol am Mount mat ze fueren, da mellt iech bei BKS-Racing. All nei Pilote fir d'Saison 2020 sinn häerzlech wëllkomm. Niewent dëser Trophy fueren d'Membere vu BKS-Racing och vill Endurancen am Team, dat sinn 3 bis zu 24 Stonne Rennen, hei an der Géigend, mee och alt méi wäit ewech, wéi z.B. an England oder op Mallorca. All weider Informatiounen iwwert BKS-Racing (dee säit 1994 besteet), fannt dir op www.bks.lu.

BKS-Racing wënscht Iech nach e séint a sportlecht Joer 2020.