Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Karting: Präisiwwerreechung vun der BKS-Racing asbl

BKS-Racing a.s.b.l. vu Réimech hat hir Karting-Präisiwwerreechung vun der leschter Saison am Légère Hôtel. Ausgezeechent goufen d'Kartpilote vun der «Luxembourg Kart Trophy 2017». An den Top-Ten waren: Plaz 1: Jeff Raach (982 Punkten), Plaz 2: Steve Kolela (904 Punkten), Plaz 3: Fränk Gubbini (835 Punkten), P4 Sam Loeb (696), P5 Mike Gelhausen (682), P6 Laurent Bley (590), P7 Christian Lanser (571), P8 Guy Cailliau (570), P9 Jerry Schroeder (391), P10 Paul Grashoff (352). Weider goufen och d'Piloten vun der „Bopecourse“ geéiert.