Wählen Sie Ihre Nachrichten​

BKS-Racing / Generalversammlung

BKS-Racing, ee Kart-Team vu Réimech, dat säit 1994 besteet, hat hier Generalversammlung am Restaurant Zhong-Hua zu Réimech. Bei dëser Geleeënheet wollt de Club all senge Sponsoren a Membere Merci soe fir hir Ënnerstëtzung. Dëst Joer geet et eemol de Mount weider mat der „Luxembourg Kart Trophy“ op verschidde Piste, wou och nei Kart-Pilote wëllkomm sinn. Donieft fiert BKS-Racing och vill 3, 6 oder 12 Stonnerennen ronderëm an zu Lëtzebuerg. Den Highlight vum Joer ass awer ëmmer nach d'Präsenz beim 24 Stonne Rennen zu Can'Picafort op Mallorca. Weider Detailer fannt Dir op onser Homepage: www.bks.lu .