Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Zwergrohrdommel virun der Lëns: Pur Natur bei de Weieren zu Remerschen

Wann hei am Land vun den Weieren zu Remerschen geschwat gëtt, dann gëtt ëmmer vun schwammen, an der Sonn leien,Grillen an Fun geschwat.
Jo, dat gëtt et och zu Remerschen, awer et gëtt och eng aner Säit vun de Weieren, an zwar déi vun Rouh, Natur an zum deel Déieren déi sech an de Weieren wéi doheem fillen, mat e wineg Chance kann een dat eent oder anert Déier gesinn, wéi si an de Weieren liewen. Dës Weieren leien direkt niewent deenen, wou Leit hir Fräizäit verbrengen.
Et kann een och lott Randonnéen maachen rond erëm Weieren, an op verschidden Plazen, déi vun der Gemeng opriicht goufen Déieren mat e wéineg Gedold beobachten.
Vill Vullesorten an Waasserdéieren sinn ze kucken, an wann een de Fotoapparat bei sech huet, wéi ech dat gemat hunn, kann een flott Fotoen maachen.
Ech hat Chance, krut een Zwergrohrdommel virun Lëns, wat ganz seelen ass, well se sech bal ni dobaussen am Dag weisen.
De ganze Mëtteg bis owes, sinn ech ëm Weieren getrampt, an hunn emol e Mëtteg voll an der Natur verbruecht, kann nëmmen soen wann der gären an der Natur sidd, an dobäi Déieren beobachten,dann maacht et zu Remerschen op de Weieren, et lount sech bestëmmt.
Gëeent den n'Owend ginn déi mëscht Déieren wéi Fräschen, Libellen a.e.s.w. aktiv.